_ _ _ _____ ___ __ __ _(_) | _(_)___ / ( _ ) / /_ ___ ___ _ __ ___ \ \ /\ / / | |/ / | |_ \ / _ \| '_ \ / __/ _ \| '_ ` _ \ \ V V /| | <| |___) | (_) | (_) | (_| (_) | | | | | | \_/\_/ |_|_|\_\_|____/ \___/ \___(_)___\___/|_| |_| |_|
Chamber TV ass e lëtzebuergeschen Televisiounssender. E gëtt vun der Lëtzebuerger Chamber bedriwwen an iwwerdréit live oder a Widderhuelung Chamberssëtzungen, mä och thematesch Debatten oder Reportagen iwwer d'Aktivitéite vun den Deputéierten.
Chamber TV huet de 4. Dezember 2001 seng Emissiounen ugefaangen an ass iwwer Kabel a Satellit z'empfänken.
Den Direkter war bis 2017 de Maurice Molitor.
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 13.100 Leit iwwer 12 Joer Chamber TV gekuckt.