_ _    _ _____  ___   __                       
 __      _(_) | _(_)___ / ( _ ) / /_   ___ ___  _ __ ___  
 \ \ /\ / / | |/ / | |_ \ / _ \| '_ \ / __/ _ \| '_ ` _ \ 
  \ V  V /| |   <| |___) | (_) | (_) | (_| (_) | | | | | |
   \_/\_/ |_|_|\_\_|____/ \___/ \___(_)___\___/|_| |_| |_|

Nationalbibliothéik vun Israel

Nationalbibliothéik vun Israel
Land Israel
Gemeng Jerusalem
Koordinaten 31° 46’ 33.01’’ N
      35° 11’ 48.58’’ O
Datum vum Bau 1892

D'Nationalbibliothéik vun Israel (הספרייה הלאומית - HaSifria HaLeumit - National Library of Israel) ass d'Nationalbibliothéik vum Staat Israel. Si steet um Givat Ram Campus vun der Hebräescher Universitéit vu Jerusalem.

Mat ronn 5 Millioune Bicher ass si déi gréisst Kollektioun vun Hebraica a Judaica op der Welt. Et ginn ënner anerem vill rar oder eenzegaarteg Manuskripter, Bicher a soss Géigestänn do versuergt.

Gallery

Um Spaweck

Commons: National Library of Israel – Biller, Videoen oder Audiodateien